Comité

 

Mission du Comité

Le comité de l’AELP s’est pris comme objectif de communiquer aux actuels et futurs étudiants luxembourgeois à Paris des informations importantes relatives à la vie estudiantine. Dans ce sens, les membres du comité restent entièrement à la disposition de tous les étudiants qui sollicitent leur aide dans divers domaines (recherche de logement, assistance pour les inscriptions dans les différentes facultés etc.).

La mission du comité de l’AELP consiste également à organiser différentes activités d’animation qui permettent le rapprochement et l’intégration de tous les étudiants luxembourgeois à Paris. Nos nombreux événements sont annoncés dans notre groupe Facebook, qui compte plus de 900 membres.

Membres du comité

Vera Lech – Présidente 

Présidente

Helloo, ech sinn d’Vera an sinn dëst Joer d’Presidentin vun der AELP. Ech studéieren Droit am Master 1 an sinn säit mengem éischten Joer Licence op der Université Paris 1 Panthéon-Sorbonne wou et mir ganz gutt gefält. Mech huet et op Paräis gezunn, an dat bis elo och ganz ouni Regret, wéinst dem Choix vun der Uni mais awer och der Stad selwer an där et engem einfach net langweileg kann ginn. Muséeë, Concerten, Theatren, Baren, Clubs, Shopping, .. et ginn esou vill Saachen hei ze entdecken déi engem et erméiglechen zu vollst vun senger Studentenzäit an dem Sudentenliewen ze profitéieren. D’AELP, déi dat ganz Joer iwwer flott Events organiséiert fir esou d’Lëtzebuerger Studenten mateneen en Relatioun ze setzen, suergt och dofir dass keen sech an sengem neiem Doheem onwuel fillt. Wann dir also Froen zum Droitsstudium, der AELP oder och zum Studentenliewen en général zu Paräis hutt, hésitéiert net iech bei mir ze mellen!

Contact : vera.lech@aelp.lu

– 

Anne Weyland – Vice-présidente 

Vice-présidente

Coucou ! Ech sinn d’Anne an ech sinn dëst Joer Vize-Presidentin vun der AELP. Ech sinn momentan am Master I Droit des affaires et fiscalité op der Université Panthéon-Assas (Paris II). A menger Licence hunn ech een Double Cursus Droit et Sciences gemaach deen proposéiert gëtt vun der Assas a Collaboratioun mat Sorbonne Université (Paris VI / UPMC).

Zenter dréi Joer sinn ech an der AELP an hëllefen déi verschidden Evenementer ze organiséieren. An och no bal 4 Joer, hunn ech es nach ëmmer net genuch vun Paräis, well déi Stad einfach esou vill ze bieden huet. Wann s du also Froen hues zu den Studien oder generell zum Liewen zu Paräis dann kenns du dech ganz gären bei mir mellen. 

Contact : anne.weyland@aelp.lu

– 

Céline Niederkorn – Secrétaire 

Moien, ech sinn d’Céline. Ech studéieren am drëtte Joer Droit op der Université Paris 1 Panthéon- Sorbonne! An der AELP, sinn ech dëst Joer Secrétairin an ech freeën mech am cadre vum Comité vill flott Saachen fir eis Memberen kënnen ze organiséieren. Paräis hunn ech mir rausgesicht, well et einfach eng mega Staat ass an een ëmmer nei Saachen entdecke kann. Falls der Froen zum Studium oder awer och en général zum Liewen zu Paräis hutt, kënnt der iech gäre bei mir mellen!

Contact : celine.niederkorn@aelp.lu

–  

Noah Bettendorff – Trésorier 

Bonjour, mäi Numm ass Noah !

Ech studéieren am 4ten Joer Médecine op der Paris VI (anciennement UPMC) an sinn am Comité vun der AELP als Tresorier aktiv.

Niewent der Uni probéieren ech mech awer och mat anere Saachen ze beschäftegen, zb vun dëser flotter Staat ze profitéieren déi souvill ze bidden huet, notamment a puncto Attraktiounen, Restauranten oder Rausgoen.

Contact : noah.bettendorff@aelp.lu

– 

Philippe Seil – Trésorier adjoint 

Moien, ech sinn den Philippe an studéieren am 4. Joër Medezin (Paris VI). Nodeems ech d’lescht Joer schon als Vize-Tresorier am Comité aktiv war, sinn ech frou dëst Joër och rem kennen dobäi ze sinn. Zesummen mam Tresorier kucken ech, dass mir ëmmer e gudden Budget parat hunn fir den lëtzebuerger Studenten zu Paräis flott Events ze garantéieren.

Contact : philippe.seil@aelp.lu

– 

Lisa Adam – Public Relations 

Moien, ech sinn d’Lisa an studéieren Medezin zu Paraïs. Ech hunn main 1. Joer op der Uni.lu gemaach an sinn elo am 3. Joer zu Parais. Zesummen mam Niia sinn ech zoustänneg vir d’public relations am Comité. 

Wanns du froen zu der Medezin oder am generellen iwwert Parais hues kanns du mir gären schreiwen!

Contact : lisa.adam@aelp.lu

– 

Niia Waringo – Public Relations 

Ech sinn d‘Niia an studéieren Droit am drëtten Joer. Paräis ass eng immens Staat fir ze studéieren, et huet een net nëmmen gutt Universitéiten mee dass och ëmmer eppes ze man. Muséeë, Caféen, Butteker … D’Studentenliewen och ganz flott ënnert den Lëtzebuerger vu que dass d‘Association des étudiants luxembourgeois à Paris ganz flott Eventer organiséiert.

Contact : niia.waringo@aelp.lu

– 

Charlotte Neumeister – Co-Head of Social Media 

Main Numm ass Charlotte Neumeister an ech sin grad am 3. Joer Medizin hei op der Sorbonne. Ech sin dest Joer zesummen mamm Sophie zoustänneg vir ons Social Media Accounts. Ech reesen gaer an hunn naicht leiwer wéi nei Plaatzen ze entdecken, an dovir ass Parais perfekt! Bei Froen iwwert den Medizinstudium zu Parais, d’Fondation Biermans-Lapôtre oder wou een hei deen beschden Pain au Chocolat fennt kennt dir iech zu all Moment bei mir mellen!

Contact : charlotte.neumeister@aelp.lu

– 

Sophie Roth – Co-Head of Social Media 

Moien, mäin Numm ass Sophie, ech hun 21 Joer  an ech studéieren Droit zu Paräis op der Sorbonne. Ech sinn elo mëttlerweil am 3. Joer vun menger Licence. Paräis war ëmmer mäin éischten Choix, an ech regrettéieren et net heihin komm ze sinn, obwuel et eng imposant Staat ass an een groussen Changement war! Ech sinn säit September 2021 am Comité fir kennen matzehëllefen d’Lëtzebuerger bei flotten Evenementer zesummen ze bréngen, an ech freen mech op alles wat nach kennt.  Mellt iech gaeren bei Froen:)

Contact : sophie.roth@aelp.lu

– 

Yasmine Mathias – Event Management 

Coucouuu, ech sinn d’Yasmine an ech studéieren am 3. Joer Medezin op der Sorbonne hei zu Paräis.

Ech hunn no mengem éischten Joer op der Uni.lu Paräis gewielt, well et sech fir mech einfach em déi perfekt Studentestad handelt:

1. Paräis ass eng wonnerschéin Stad (mengen dat weess jiddereen deen schon eng Kéier hei war haha)

2. Vu datt et eng Groussstad ass gëtt engem net sou séier langweileg (wat zimmlech wichteg ass wann een fir huet sou 10 Joer hei ze studéieren)

3. Et ass eng richteg gutt Stad fir Medezin ze studéieren, well et ganz vill gutt Kliniken gin, an een d’Méigelechkeet op richteg vill gutt Stagen huet.

Ech hunn mech finalement dozou decidéiert an den Comité ze kommen fir nei Leit kennen ze leieren an fir dobäi bäizedroen dass dat hei en richteg coolt Joer fir eis an all eis Memberen gëtt, mat fillen flotten Events.

Bisousss 

Contact : yasmine.mathias@aelp.lu

– 

Antonio Köster – Event Management 

Ech sinn den Antonio an ech sinn aktuell am drëtten Joer Medezin zu Paris VI. Zu Paräis sinn ech virun allem, well d‘Approche vum Studium mer gutt gefall huet, am verglach zu aneren Länner. Dobäi kennt nach, dass d‘Stad natierlech mega ass, an et engem ni langweileg gëtt.

Contact : antonio.koster@aelp.lu

– 

Laurent Tousch – Event Management 

Moien, Ech sin den Laurent, ech sin am zweeten Joer Medizin ob der Sorbonne Université! Ech hun Paris gewielt well ed eng vun denen beschten Universiteiten ass!

Contact : laurent.tousch@aelp.lu

–