Comité

Mission du Comité

Le comité de l’AELP s’est pris comme objectif de communiquer aux actuels et futurs étudiants luxembourgeois à Paris des informations importantes relatives à la vie étudiante. Dans ce sens, les membres du comité restent entièrement à la disposition de tous les étudiants qui sollicitent leur aide dans divers domaines (recherche de logement, assistance pour les inscriptions dans les différentes facultés etc.).

La mission du comité de l’AELP consiste également à organiser différentes activités d’animation qui permettent le rapprochement et l’intégration de tous les étudiants luxembourgeois à Paris. Nos nombreux événements sont annoncés dans notre groupe Facebook, qui compte plus de 600 membres.

Membres du comité

Christophe Hennico – Président

Mäi Numm ass Christophe Hennico. Ech studéieren Droit an Economie am drëtte Joër op der Université Paris 1 Panthéon-Sorbonne. Meng Hobbyen sinn ënnert anerem Batterie a Piano spillen esou wei seegelen an tauchen goen. Ech freeë mech op all déi flott Momenter déi mir dest Joer zesummen verbréngen wäerten. Falls dir iergendwellech Froen hutt, dann mellt Iech roueg bei mir.

Contact: christophe.hennico@aelp.lu

Fanny Muller – Vice-présidente

Moien, ech sin d’Fanny, an ech studeieren Medezin zu Paris VI. Ech hun mein eischt joer op der Uni.lu gemaach an sin lo am drëtte joer! Dier keint ierch gearen fier iegentwelch froen bei mier mellen!

Contact: fanny.muller@aelp.lu

Tonia Schockmel – Secrétaire

Moien, ech sinn d’Tonia a studéieren Droit (2. Joër) op der Université Paris I Panthéon-Sorbonne. A menger Fraizäit ginn ech gären an de Parc Montsouris lafen a maache mat bei Yoga-Séancen vun der Uni. Wann s du Froen zum Studium, der Associatioun oder eiser spannender Stad hues, zeck net mir ze schreiwen – ech hëllefe gären!

PS: A wann s de wësse wëlls, wou een zu Paräis gutt vegan iessen an akafe kann, bass du bei mir GENAU richteg 😉

Contact: tonia.schockmel@aelp.lu

Laurie Metz – Trésorière

Moien ech sin d’Laurie an studéieren Mathématiques appliquées am 2. Joer op der Dauphine. An der AELP, sin ech dest Joer Tresorière an niewent dem Studium spillen ech och nach Tennis an Badminton. Dir kennt mech gaeren kontakteieren wann der Froen iwert den Mathé-Studium hudd oder iwert Dauphine selwer.

Contact: laurie.metz@aelp.lu

Zoé Faber – Secrétaire adjointe

Moien, ech sinn d’Zoé! Ech sinn am 2. Joer vum Programm “Juriste européen” op der Paris II Pantheon-Assas. Zu Paräis sinn ech virun allem, wéinst mengem Programm deen d’Licence am droit francais just hei ubitt! Ech denken awer, dass ech och anescht hei gelant wier, well dës wonnerschéi Staat engem en immens flott Studenteliewe ubitt! Solls du dech fir mäi Studium interesséieren, sinn ech gär bereet dir op deng Froen ze äntweren!

Contact: zoé.faber@aelp.lu

Anne Weyland – Trésorière adjointe

Moien, ech sinn d’Anne an studéieren am zweeten Joer Droit a Sciencen op der Assas (Paris II) an op der UPMC (Paris VI). A menger Fräizäit ënnerhuelen ech gären eppes mat Frënn a probéieren souvill wéi méiglech vun Paräis ze profitéieren. Falls dir iech fir mäin Studium sollt interesséieren zeckt net mir ze schreiwen.

Contact: anne.weyland@aelp.lu

 

Vera Lech – Co-Head of Social Media

Hello dir léif Leit, Ech sinn d‘Vera an studéieren am 2ten Joer Droit op der Université Paris 1 Panthéon- Sorbonne! Zu Paräis sinn ech op däer enger Säit wéinst dem Choix vun der Uni mais awer och well et einfach eng super Staat fir ze studéieren ass wou et engem nie langweileg kann ginn! Falls der Froën zum Studium oder awer och en général zum Liewen zu Paräis hudd, hésitéiert net!

Contact: vera.lech@aelp.lu

Sacha Wolf – Co-Head of Social Media

Moien ech sin den Sacha an studéieren Zahnmedizin am 2. Joer op der Paris Descartes. Mam Vera sin ech dëst Joer zoustänneg fir d’Social-Medias. Mir wäerten iech dëst Joer um laafenden vun eisen Eventer halen. Niewt mengem Studium kachen ech gearen oder gin mat Frënn een drénken. Falls de Froën iwwert mäin Studium op der Paris Descartes oder op der Uni.lu, wou ech mäin éischt Joer gemaach hun, hues, kanns de dech gearen bei mir mellen.

Contact: sacha.wolf@aelp.lu

Hy-Khang Dang – Membre

Hallo, ech sinn den Hy-Khang, an ech studéieren um Conservatoire National Supérieur de Musique et de Danse de Paris. Du kanns dech gären bei mir mellen falls du spezifesch Froen hues zu den Studiëgäng am Beräich vun der Konscht an der Performance, oder einfach allgemeng Froen zu den kulturellen Aktivitéiten zu Paräis hues. Ech freeën mech vun dir ze héieren!

Contact: hykhang.dang@aelp.lu

Magali Sumkötter – Membre

Hey! Ech sin d’Magali an ech studéieren am 3. Joer “Costume and Fashion Design” an “Marketing d’Innovation” op der ESMOD zu Paris. Niewt dem Studium engageieren ech mech am Theater an interesseieren mech fir Alles am Beräich vun der Konscht. Falls de Froen iwwert den Studium, Paris oder d’AELP hues, sin ech gäer bereet dei all ze beäntwerten! 😀

Contact: magali.sumkötter@aelp.lu